FLTRI Juges am Asatz: Aquathlon 2018

Den 21. Januar waren beim FLTRI Indoor Aquathlon och 8 Jugen vun der FLTRI am Asatz. Hei gesitt Dir verschidden Andréck vun eisen Jugen bei hirer Aarbecht (copyright photos: Sophie Margue).

Judges at work   Judges at work

 

Contact Juge

 

Bei Froën w.e.g. de Responsable-Juges kontaktéieren.

Email: juge@fltri.lu

Actualités Juges

Rio 2016 Paralympics

Den Eugène Kraus war als Juge bei den Paralympics zu Rio am Asatz.

2016 Zofingen ITU Powerman LD Duathlon World Championships

Den 4. September war den Antoine De Groote als Juge zu Zofingen bei der Powerman Weltmeeschterschaft  am Asaatz.

13th World University Triathlon Championship

Ufank August waren den Antoine De Groote an Patrick Thill als Juge zu Nyon bei den Universitéitsmeeschterschaften am Asatz. Dest war fir den Antoine d'Validatioun vun der theoretescher Ausbild als ITU Technical Official Level 1. An Kader vun deser Manifestatioun gouffen och verschidden schwäizer Championnater an Jugendcoursen ausgedroen, bei deenen eis 2 Jugen divers Fonctiounen iwwerholl hun.

Arnhem ITU Technical Officials Level 1 Seminar 2016

Den 9. an 10. Abrëll 2016 huet den Antoine De Groote un enger theortescher Ausbildung "ITU Technical Officials Level 1 Seminar" vun der ITU/ETU deelgeholl fir den 1. vun 3 Levelen als "ITU Technical Official" ze kréien. Eng Validatioun vun deser Formatioun gëtt spéiderhin am Kader vun enger praktescher Erfahrung bei enger offizieller ITU Coures gemach.

Domadden wier den Antoine den 4. Juge zu Lëtzebuerg deen als Technical Offical bei der ITU agedroën ass, niewt dem Eugène Kraus (Level 3), Stéphanie Kraus (Level 3) an Patrick Thill (Level 1).

Nei Tenuen fir eis Jugen

Eis Jugen sin säit dem 24. Abrëll 2016 mat neien Tenuen ausgestatt. Déi éscht Comptetitioun wou des gedroën gouffen war den CAB Duathlon zu Ehlerange wou bei schwieregen Wiederverhältnisser déi nei Gamme konnt ausgiebeg an erfollegräich getest gin. Anhand vun deenen heiten Fotoen kënnt dir eis Jugen an Zukunft erkennen:

 

 

Formatioun Juges 20. Mee 2015

Am Kader vum Powerman zu Housen hunn 6 Leit sech dem Schlussexamen vun hirer Jugen-Ausbildung gestallt. D'Kandidaten hunn duefir nach missen een schrëftlechen Examen vum ENEPS meeschteren an kruten vun 3 Examinatoren am Laf vun der Course iwwert d'Schëller gekuckt. All Kandidaten hunn dësen Examen mat Bravour gepackt. D'Anne Hermes (Celtic), Mariette Brosius (X3M), Evgenia Gavrina(CAD), Charlotte De Groote (X3M), Claude Bintz (CAB) an den Marc Claes (CSN) kruten dunn och den 20. Mee, zesummen mam Guy Bertemes (Celtic) an dem Josiane Schwartz (CAEG) déi hier Triathlon-Trainer-Ausbildung gepackt hunn, hier Diplomer am Kader vun enger offizieller Diplom-Iwwerreechung vum ENEPS. Den Patrick Thill (CAB) an den Jean-Marie Juchemes (Celtic) kruten ob dësem Dag och hiren Diplom. Déi Zwee haten hier Formatioun allerdings schonn 2014 ofgeschloss.

Beim Powerman gouf et och eng international Besetzung vun Jugen. Vu dass dës Course net just d'Lëtzebuerger Duathlon-Meeschterschaften op der laanger Distanz waren, mee och déi belscht Meeschterschaften an déi vun der Groussregioun (Wallonie, Saarland, Lorraine), hunn d'Verbänn vun allen Regiounen et sech net huelen gelooss fir eng Delegatioun vun Jugen ob Housen ze schécken. Nieft 9 FLTRI-Jugen waren och 4 Jugen aus dem Saarland, 3 aus der Belsch an 2 aus der Lorraine am Asaz.

Jugen beim Powerman Lëtzebuerg 10. Mee Housen

Eng éischt grenziwwerschreidend Aktioun gouf et beim Powerman Lëtzebuerg zu Housen. Jugen (Kampfrichter) aus dem Saarland, der Lorraine aus der Belsch an vun der Fltri waren gemeinsam bei den nationalen Duathlon-Meeschterschaften zu Housen am Asaz.

Formatioun Juge ITU Level 1 zu Frankfurt 25. an 26. Abrëll

Fir de Weekend vum 25. an 26. Abrëll 2015 huet d'ITU ob eng Formatioun zum "Technical Official Level 1" ob Frankfurt invitéiert. 13 Jugen vun der DTU, 1 vun SwissTriathlon an 1 vun der FLTRI (Patrick THILL) hunn hei Deel geholl an sinn vum Paul Groves iwwert 2 Deeg duerch d'Matière gefouert ginn fir sech um Enn dann engem schrëftlechen Examen ze stellen. Den Patrick wäert säin éischten Asaz als Technical Official ob internationalem Niveau nach an den éischten 6 Méint bei enger ITU- oder ETU-Course hunn. Felicitatioun un de Patrick fir säin Asaz.

Formation - Juge vum 11.01 bis den 21.02.2015

Och 2015 huet d’FLTRI nei Jugen gesicht an zu dësem Zweck eng Formatioun iwwert d'ENEPS organiséiert.

En éischten Volet gouf hei den 11.1.2015 an enger Formatioun zu Lëtzebuerg traitéiert. Hei goung et haaptsächlech em Grondregelen an d’Spezifizitéiten zu Lëtzebuerg. En zweeten Volet gouf dunn zesummen mam RTV den 20. an 21.2.2015 zu Tréier ofgehalen. An dësem Volet ass et em ITU- an DTU-Regelen gaangen, wou déi nei Jugen-Kandidaten sech och mat aneren Jugen aus Däitschland austauschen konnten. Zum Ofschloss vun der Formatioun stoung dunn och en schrëftlechen Examen um Menu, dem sech 9 nei Jugen gestallt hunn an deen se all anstandslos gepackt hunn. D’Mariette Brosius, Charlotte De Groote, Isabelle Juchemes, Marc Claes, Steve Dasthy, Claude Bintz, Antoine De Groote, Evgenia Gavrina an Anne Hermes sinn dermadder all fir den prakteschen Examen zougelooss, dem se sech des Saison dann am Kader vun enger Course stellen mussen fir hier Jugen-Formatioun komplett ofzeschléissen.

Am selwechten Kader wei d’Formatioun vun neien Jugen gouf zu Tréier och eng Formatioun Continue organiséiert. Den Patrick Thill, Jean-Marie Juchemes an Matthias Hoffmeister hunn hei participéiert an sinn mat dëser Formatioun dann och konform fir an Däitschland als Juge ze schaffen. Den Jean-Marie Juchemes huet esou dann och schonn den 8.3.2015 säin éischten Asaz ob däitschem Terrain beim X-Duathlon zu Tréier.

Matthias Hoffmeister, Mariette Brosius, Evgenia Gavrina, Patrick Thill, Charlotte De Groote, Anne Hermes, Antoine De Groote, Jean-Marie Juchemes.

Indoor Aquathlon 18. Januar 2015

Eist Team vun de Jugen beim Indoor-Aquathlon 2015


Claude Bintz, Anne Hermes, Jean-Marie Juchemes, Patrick Thill, Charlotte De Groote, Antoine De Groote.